Historique

D’Geschicht vum Tennis Club Diekirch

Et war am Jar 1902, wou zu Dikrich fir englisch Touristen am Park vum Hôtel des Ardennes een Tennisfeld ugeluecht gouf. Di sougenannte besser Gesellschaft vun Dikrich war vum Tennis esou faszinéiert, datt well am selwischte Jar ee Club op d’Bee gesat ginn ass: d’Gebuertsstonn vum Tennis Club Diekirch.

Spéider gouf den Terrain op d’Fielser Strooss, dono op d’Ettelbrécker Strooss nieft den deemolige Footballterrain verluecht. Nom 2. Weltkrich goufen 2 nei Terrainen bei der aler Schwemm ugeluecht an de Veräin huet mat 52 Memberen erëm nei ugefaang.

1946 huet den Tennis Club Diekirch mat 6 anere Veräiner zesummen d’FLT gegrënnt. De Präsident vum TCD, den Dr. Paul Decker, huet während 14 Jar och an dem héige Gremium matgeschafft.

Iwwerhaapt ass ënnert der sportlicher Leedung vum Paul Decker (Präsident vun 1937 bis 1972; 36 Jar!), vum Jean Krombach (Sekretär vu 1952 bis 1993; 43 Jar!) a vum Alice Stiefer (Trésorière vu 1954 bis 1984; 31 Jar!), den Tennis Club Dikrich sportlich opgebléit:

1956 huet déi éischt Dammen-Equipe den éischte Championstitel an de Norde bruecht an de Championnat bis 1976, mat 9 Champions- an 8 Vice-Championstitelen, dominéiert. Haaptsächlich dofir responsabel waren d’Lizy Rosch, d’Ketty Mambourg, d’Alice Stiefer, d’Marguerite Decker, d’Margot Souvigné, d’Nathy Krombach, d’Lotty Feltz, d’Lotty Brachmond, d’Brigitte Elcheroth-Lorang, an net zulest d’Flore Putz-Wagner, als Lëtzebuerger Championne vun de 70er Jaren, dat och 5 mol am Fed Cup matgespillt huet. Deemols war et nach méiglich, mat eegene Lëtzebuerger Spiller(-innen) déck opzetrompen…!

Well d’Memberzuel bestänneg geklommen ass, ass 1959 en 3. Terrain an eng Trainingsmauer gebaut ginn, dëst ënnert der technischer Leedung vum Félix Jost, spéider och Präsident vun 1972 bis 1990 (19 Jar!).

Am Mee 1966 a 1967 sinn zwee Tournois d’Ouverture organiséiert ginn. Deen 1. Tournoi du Nord ass eréischt 1975, no der Konstruktioun vum 4. Terrain mat Geliits gespillt ginn. Nodeems 1981 ee gemittlicht Clubhaus ageweit ginn ass, huet den Tournoi sech zum gréissten am Norden entwéckelt, mat

engem Rekord vun 387 Aschreiwungen am Jar 1987. Op sengem Palmarès figuréieren och grouss Nimm aus der letzebuerger Tenniswelt, wéi Anne Kremer oder Johny Goudenbour.

Zënter 1999 gëtt vum Tennis Club Diekirch och e Wanterturnéier organiséiert, deen als feste Rendez-vous am Tenniskalenner steet. Am Jar 2011 huet den TC Dikrich nach een Tournoi fir Veteranen an d’Liewe geruff, sou dass aktuell all Jar 3 Tournoië vun eisem Club organiséiert ginn.

Den Ament huet den TCD ronn 80 Memberen a betreit eng 40 Kanner a Jugendlicher a senger Tennisschoul, déi zënter 1980 eng Hellewull Talenter produzéiert huet. Déi wuesse no an no an d’Equipen eran. Sou spillt den TCD dëst Jar mat 9 Equipen, dorënner eis éischt Hären-Equipe an der héchster Divisioun. Den Tennis Club Diekirch ass stolz an ass net drop ugewisen, Spiller dofir ze kafen an ze bezuelen. D’Spiller identifizéire sech nach mat hirem Veräin a bleiwen him iwwer Jaren, meestens esouguer d’ganz Tenniscarrièren trei. An Tenniscarrièren zu Dikrich daueren dacks laang. (…)

 

1950_garçons

TCD 1930

1950_sauer

MINOLTA DIGITAL CAMERA

TCD 2003 équipe hommes 1