Nach 3 Spilldeeg,…

Lo geet et esou lues an déi ganz décisiv Phase vum Interclubchampionnat, hei drenner fannt der d’Ausgangspositioun vun eisen 3 Ekippen:

Diekrech 1 bei den Hären ass momentan 3ten an der Nationale 2, et steigen 2 Ekippen direkt op an d’Nationale 1 an déi 3t Ekipp spillt d’Barrage em den Opstieg geint den 3t leschten aus der Nationale 1. Mier spillen nach zu Greivenmacher an dann doheem geint Esch an d’Nordstaat. An deenen 3 Matcher mussen mier definitiv alles gin an probeiren eis dei 3t oder am beschten nach dei 2t Platz ze secheren.

Eis 2t Härenekipp ass momentan 2ten an der R4 Poule B an huet all Chancen fier an d’R3 ze steigen. Mier spillen nach auswärts geint d’Nordstaat 3, doheem geint den Tabellenéischten Remich 2 an als Ofschloss doheem geint Grevenmacher 3. Et steigt just secher deen eischten aus der Poule an dann spillt den beschten 2t platzéierten vun der Poule A an der Poule B aus der R4 een Barragematch geint den 6ten aus der Poule R3.

Eis Dammen sin am Moment dei 4t an der Nationale 3 a spillen nach doheem geint Bartreng an dono zu Mertert/Wasserbelleg. De leschten Match gewannen si forfait well Housen hier Ekipp oofgemeld huet. Et get also knackeg fier dranzebleiwen.

Et heescht also nach 3 mol alles gin, fier henno den Optimum ze erreechen.

Allez TcD!

No Comments Yet.

Leave a comment